Maison de l’orientation

19

Rendez-nous visite sur le stand 19.

Voir sur le plan

Bass du op der Sich no Informatiounen a Berodung am Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientéierung? D'Maison de l’orientation (MO), mat hirem Guichet unique, hëlleft dir deng Fäegkeeten, Kompetenzen oder Interessen z'identifizéieren, oder eng passend Ausbildung, Apprentissage, a Studien ze fannen. D’MO informéiert och iwwert verschidden Optiounen an der non-formaler Bildung oder engem Gap Year.


Vu Méindes bis Freides beäntweren d'Beroder vun der MO ouni Rendez-vous deng Froen. Du fënns och eng ganz Dokumentatioun iwwer all Themen, déi mat der schoulescher a berufflecher Orientatioun verbonne sinn.